De Gaart an Heem Gouschténg-Beyren ass op engem méi an och manner sonnegem Samschdeg op den traditionellen Ausfluch an d‘Frankräich gefuer. Een éischte Stopp ass zu Saverne ageluecht ginn, wou eng flott Féierung duerch dës kleng Stiedche gemaach gouf. No der Mëttespaus ass et du weider gaangen op Meisenthal an de „Musée du Verre et du Cristal“, wou mir interessant Erklärungen zur Glas- a Kristallproduktioun kritt hunn. Vill Informatiounen, Tricken a Geheimnisser zum Handwierk vum Glasbléiser hunn eis staune gelooss. Beandrockt ware mir net nëmme vun der Hëtzt déi esou ee Glasuewen ausstraalt, wéi mir am Atelier vun de Glasbléiser um eegene Leif spiere konnten.

IMAG0622

Zum Seitenanfang