Häerzlech wëllkomm beim GAART AN HEEM vun ËLWEN


 

Bienvenue chez le COIN DE TERRE ET DU FOYER de TROISVIERGES

 


Willkommen beim GARTEN UND HEIM ULFLINGEN

 

2014 zielt eise Veräin 360 Memberen

2006 huet eise Veräin 408 Memberen gezielt.

Mir probéiere lafend nei Memberen ze fannen - sierf bei eise Manifestatiounen oder wa mer mat de Memberskaarten ënnerwee sënn. Dobäi freeë mer äis iwwer jiddfer neie Member!

Eis Memberen wunnen haaptsächlech zu Ëlwen, weider an den Dierfer vun eiser Gemeng (Biwwesch, Géidgen, Kirchen, Beesslék, Drénkelt, Schmëtt, Huldang a Wilwerdang). Déi aner Memberen kommen aus den Ortschaften: Asselbuer, Boxer, Brotebaach, Clierf, Déierbich, Dikrich, Fëschbech, Grooljen, Helzen, Héinescht, Houfelt, Knaphouschent, Lausdueren, Léiler, Lëtzebuerg, Maarnech, Munzen, Näidsen, Uewerwampich, Suessem, Stackem, Stolzebuerg, Tratten, Wemperhaardt a Wëntger. E puer Memberen hu mer am Ausland: an der Belscht an an Däitschland.

Zum Seitenanfang