De neie Komitee, 1 Rei,v.l.Sekrtärin Jacky Brodala,Presidentin Tina Irthum,Caissière Jessica Weerts, Vize-Presidentin Josette Gonner, Steffi Pauly.2 Rei Jos Ludig,Erny Frob,Josy Hansen,Eirepresident Erny Platschette, Guy Schaeffer..JPG

A Präsenz vu ville Membere vum Veräin an der dësjäereg Generalversammlung vum Gaart an Heem Steesel am “Centre de Loisirs Norbert Melcher” zu Steesel konnt de President Erny Pletschette Vertrieder vum Schäffe- a Gemengerot, esou wéi d'Presidentin vun der Ligue Gaart an Heem Dr. Martine Mergen, begréissen.

No de verschiddene Rapporten huet den Erny Pletschette de Memberen matgedeelt, dass hien no laange Joeren Déngscht am Interessi vum Veräin géing aus Altersgrënn als President a Sekretär ophale fir Plaz fir e neien, méi jonke Comité ze maachen.

D´Tina Irthum-Stemper gouf vun de Membere vum Gaart an Heem Steesel eestëmmeg als nei Presidentin gewielt a se bréngt direkt 6 nei Comitésmembere mat.

Am Numm vum ganze Veräin huet d'Tina Irthum-Stemper an hirer Usprooch dem fréiere Comité, deen 20 Joer laang vill a gudd Aarbecht gemaach huet, Merci gesot an bei deeër Geleeënheet hirem Virgänger Erni Pletschette e klenge Cadeau iwwerreecht an all Guddes fir d'Zukunft gewënscht.

Déi nei Presidentin wäert mat hirem Comité fir vill blummlech Iwwerraschunge suergen.

Zum Seitenanfang